Bis an de klengsten Detail: Wéi weess d'ANF, wéi et dem Bësch geet?
D'Lëtzebuerger Bëscher stinn ënner Drock. Am drëtten Inventaire vun de Bëscher stellt d'Natur a Bëschverwaltung ANF ënner anerem fest, datt just nach 20 Prozent vun de Beem zu Lëtzebuerg gesond sinn. Am Inventaire gëtt den Zoustand bis an de klengsten Detail erhuewen, mee wéi ass dat méiglech?
Den Zoustand vum Bësch gëtt mat Hëllef vu sougenannte Placetten, also permanente Beobachtungsflächen, an de Bëscher uechter d'Land gemooss. Déi Placettë goufe beim éischten Inventaire, deen am Joer 2000 gemaach gouf, placéiert. Si erméiglechen et iwwer eng laang Zäit d'Entwécklung vum Bësch op där Plaz ze observéieren, erkläert de Georges Kugener vun der ANF.
"An do gouf e Raster iwwer d'Lëtzebuerger Land geluecht. An op allkéiers 1 .000 Meter mol 500 Meter ass esou ee Raster. Op all Kräizpunkt dovunner läit e Proufpunkt, eng Placette."
All Placette ass eng Stéchprouf fir 50 Hektar Fläch. Uechter d'Land ginn et 5.000 Placetten. Eng gouf fir Demonstratiounszwecker am Gréngewald um Stafelter opgestallt.
"Also wann een dann eng Kéier op der Placette ukomm ass, dann installéiert ee säin Dräibee mat dem Kompass drop an da gëtt eng Kéier eng Opnam gemaach am 360 Grad vun all de Beem, déi do sinn."
Huet de Bam eng Zukunft?
Op där heite Plaz läit virun allem ganz vill doudegt Holz, eng grouss Plus-value fir d’Biodiversitéit. Op dëser Plaz gëtt dann zum Beispill och nach gekuckt, wéi vill jonk Beem wuessen.
"An da gëtt opgeschriwwen, wat fir eng Bamaart ass et? Hei sinn dräimol Routbuchen. An et gëtt opgeschriwwen, ob se eng Zukunft hunn oder net. Dat heescht, dat ass dee Moment, wéi mir et haut aschätzen. An déi dote gesi fir mech elo aus, wéi wann se gesond sinn. Si hu gutt Knospen. An dat heescht, hei géifen dräi Buchen an der Verjéngung an dëse Krees kommen."
Am Gréngewald sti ganz vill Routbuchen. Dat op engem sandege Buedem. Domat sinn déi Beem ganz gutt op hirem Standuert opgehuewen.
Eng Placette vun der ANF (Foto: Morgane Weidig)
80 Prozent vun de Beem zu Lëtzebuerg si krank oder dout
An awer: Déi meeschte Beem zu Lëtzebuerg, 80 Prozent, si krank oder dout. Ob ee Bam krank ass, erkennt een iwweregens am Beschten un der Bamkroun.
"Da gesäit ee jo, datt do dënn Äscht sinn an deck Äscht. A bei deem do gesäit een elo, datt vill Äscht einfach déck sinn an dann d'Klack guer näischt méi do ass. An dat feinrëssegt, déi dënn Äscht feelen, dat heescht, deen ass net méi ganz gesond, deen dote Bam."
Den Inventaire gëtt am Summer gemaach, do gëtt da gekuckt, wéi vill Blieder nach dru sinn an och, ob de Bam vun engem Champignon befall ass. Bei enger Zort vu Lafbeem ass dat besonnesch dacks de Fall: Bei den Eschen.
"Do war virun zéng Joer, ass gesot ginn, vläicht si véier, fënnef Prozent resistent. Ech hunn elo, ganz aktuell hunn ech keng Zuelen nogekuckt. Mee op alle Fall sinn et der manner wéi fënnef Prozent. An ob iwwerhaapt eng iwwerliewe wäert, ass schwiereg ze soen."
Wann ee Bam bis krank ass, kann een do och näischt méi maachen, esou de Georges Kugener weider.
Méi divers Bëscher sinn d'Zil
Iwwerdeems huet d'ANF d'Zil d'Bëscher méi ze diversifiéieren. Also wa méiglech vill ënnerschiddlech Bamaarten, awer och verschidde gréisste Beem. Dofir mussen och verschidde Beem geplanzt ginn, an natierlech virum Wëld geschützt ginn. Datt de Mënsch esou vill an d'Natur agräift, ass dem Georges Kugener no net méi ze vermeiden.
"En ass jo net méi iwwerall gesond. A mir hunn eeben och op verschidde Plaze viru Joerhonnerten oder Joerzéngte Feeler gemaach an déi falsch Bamaarte geplanzt, virun allem Monokulture geplanzt. A mer wëllen eeben elo kucke fir déi Monokulturen ëmzewandelen a strukturräich, aarteräich Bëscher."
Elo geet et also och dorëms, déi Feeler, déi gemaach goufen, nees riicht ze béien. Krank Beem kritt een net méi geheelt, mee de Bësch kann ee méi resilient maachen. Dat andeems ënner anerem eng méi grouss Diversitéit geplanzt gëtt op Plazen, déi bei déi ënnerschiddlech Bamaarte passen. Den Inventaire vun de Bëscher vun der ANF soll dobäi hëllefen déi richteg Strategie ze entwéckelen.