Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bis 2050 CO2 neutral

CO2-Emissiounen

Bis 2050 CO2 neutral

Bis 2050 kéint de Grand-Duché d’CO2-Neutralitéit quasi erreechen, dat schreift de Statec haut an engem Communiqué. D’Statistikamt huet op Grond vun de Moossnamen déi bis elo annoncéiert oder ëmgesat goufen, simuléiert wéi séier d’CO2-Emissiounen zu Lëtzebuerg wäerten erofgoen. Weider gouf déi technologesch Evolutioun an d’Energieffizienz berecksichtegt.

auto_stories

1 min

CO2 Emissiounen | © Unsplash / Marcin Jozwiak
CO2 Emissiounen (Foto: Unsplash / Marcin Jozwiak)

Den Transport an den Tanktourismus sinn an der aktueller CO2-Bilanz, dee Secteur wou et gréisser Potentialer gëtt, schreift de Statec. D’Erhéijung vun der Tax op de Sprit, grad ewéi d’Subventionéiere vun der Elektromobilitéit misste bäibehale ginn. 

An der Industrie kéint een d’Objektiver just erreechen, wann ee Waasserstoff iwwer een internationale Reseau kéint liwweren. Och am Wunnberäich ginn et technologesch Efforten, fir ewech ze komme vun der fossiller Energie.

Et misst massiv investéiert ginn: tëscht 2023 an 2030 wieren dat am Ganzen 8,4 Milliarden Euro déi vum Staat oder der Privatwirtschaft finanzéiert misste ginn. An engems ginn awer och d’Recette vum Tanktourismus erof. Bis 2030 bedeit dat fir déi ëffentlech Finanzen ee Käschtepunkt dee bei 1 % vum PIB géif leien.