Radioen

On air

9 bis 1  |  Commodores - Easy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bilan nom Héichwaasser: d'Zesummenaarbecht tëscht den Autoritéite war gutt

Meteolux an d'Waasserverwaltung

Bilan nom Héichwaasser: d'Zesummenaarbecht tëscht den Autoritéite war gutt

D’Zesummenaarbecht tëscht den zoustännegen Autoritéite beim Héichwaasser vun der leschter Woch hätt exzellent funktionéiert. Dat ass d’Conclusioun vun der Waasserverwaltung a vu Meteolux. Den Inneministère, de CGDIS an den Haut-Commissariat fir national Sécherheet wollten näischt dozou soen. Si hu géigesäiteg openee verwisen.

auto_stories

2 min

Fir een definitive Bilan ze zéien, wier et awer nach ze fréi. Doriwwer waren sech d’Autoritéiten eens.

Zesummenaarbecht tëschent véier Partner

Et wier wichteg gewiescht, d’Leit virun de Geforen ze warnen an hinnen awer gläichzäiteg ze verstoen ze ginn, datt d’Héichwaasser net dat Ausmooss vun 2021 gehat hätt, erkläert den Olivier Jeitz vun der Waasserverwaltung.

"Mir haten och scho fréizäiteg Kontakt opgeholl, den 1. Januar, wou mir gesinn hate, wat komme géif. Mam HCPN, mam CGDIS a mat Meteolux. Do muss ee soen, datt d'Zesummenaarbecht tëscht de Partner exzellent funktionéiert huet, an datt d'Bevëlkerung adequat informéiert gouf, an och relativ séier gewarnt gouf, virun deem Héichwaasser, wat dann och komm ass."

2021 gouf eng “Cellule de Concertation” agefouert

Beim Joerhonnert-Héichwaasser virun zwee Joer gouf et Kritik un deenen zoustännegen Instanzen. Dat wéinst schlechter Kommunikatioun a well net genuch Warnungen un d’Populatioun erausgaange wieren. Zanterhier gouf eng “Cellule de Concertation” agefouert, déi am Virfeld vun engem Héichwaasser zesumme kéim an an där evaluéiert gëtt, ob a wéi eng weider Moossname musse geholl ginn, erkläert Meteolux.

Bis 2021 hätt et nëmmen de Prinzip vun enger “Cellule de crise” ginn, déi an enger Krisesituatioun zesumme koum wier. Mat där néi agefouerter Cellule de Concertatioun wier et méiglech, präventiv ze schaffen an ze warnen.