Radioen

On air

Tockcity  |  The Darkness - Rock and Roll Party Cowboy

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Bettenduerfer Gemengerot stëmmt eng zweete Kéier géint Nordstad-Fusiounsgespréicher

Trotz Referendumsresultat

Bettenduerfer Gemengerot stëmmt eng zweete Kéier géint Nordstad-Fusiounsgespréicher

Et wäerte keng weider Gespréicher geféiert ginn, huet de Gemengerot de Mëttwoch mat 8 op 3 Stëmmen decidéiert. De Gemengerot huet domat de Contraire gestëmmt vun deem, wat d‘Bierger:inne virun engem Mount an engem Referendum gesot hunn. Do ware 57,4 Prozent fir d'Weiderféierung vum Projet.

auto_stories

1 min

Gemengerot Bettenduerf | © Eric Ewald
Gemengerot Bettenduerf (Foto: Eric Ewald)

D'Biergerinitiativ Pro Referendum, déi de Referendum initiéiert hat, seet sech an engem Communiqué ganz enttäuscht a schwätzt vun engem Vertrauensbroch an déi lokal Demokratie. De Fait, datt ee weider mat deenen anere Gemenge geschwat hätt, hätt jo net geheescht, datt d'Fusioun schonn duerch wier, esou d'Biergerinitiativ.