Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Bettenduerf: Motioun fuerdert Referendum iwwer Fusiounsprozess

Onkloer ob se diskutéiert gëtt

Bettenduerf: Motioun fuerdert Referendum iwwer Fusiounsprozess

Soll d'Bettenduerfer Gemeng weider um Fusiounsprozess vun der Nordstad bedeelegt bleiwen oder net? Ëm déi Fro geet et am spéiden Nomëtteg op en Neits am Bettenduerfer Gemengerot. Eng éischt Decisioun fir net méi un der Nordstad-Fusioun deelzehuelen war annuléiert ginn, well dee Vott onerlaabterweis geheim ofgehal gi war. 

auto_stories

1 min

Ee Member vum Gemengerot huet fir de Mëtteg eng Motioun ausgeschafft, déi eis virläit. Dora gëtt gefuerdert, datt de Vott iwwer d’Fusiounsgespréicher haut net widderholl gëtt, mee datt – amplaz – ee Referendum organiséiert gëtt iwwer d’Fro, ob Bettenduerf an Zukunft soll der Nordstad ugehéieren oder net.

Ob awer haut iwwert déi Motioun diskutéiert an ofgestëmmt gëtt, ass bis op Weideres onkloer.