Sämtlech Dierfer ronderëm hu missen evakuéiert ginn.
De lokale Gesondheetsminister Antonio Sanz huet vun enger "nach ni do gewieschter Tragedie" geschwat. Dëse Bëschbrand wier bis elo dee mat de schlëmmste Konsequenzen an Andalusien.
Aktuell ginn et uechter ganz Spuenien eng Partie Bëschbränn. Zënter dem Ufank vun dësem Joer wieren iwwer 50.000 Hektar Land zerstéiert ginn.
A Frankräich steet déi nächst Canicule virun der Dier
A Frankräich intensivéiert sech d‘Canicule. Haut gëllt an 9 Departementer eng rout Wiederwarnung wéinst Hëtzt. Muer soll déi da souguer fir 24 Departementer gëllen. A 76 Departementer gëtt et eng Vigilance orange.
Virun allem am Südwesten an am Weste vum Land klammen d‘Temperaturen, an och d‘Gefor fir Bëschbränn. Scho gëschter goufe plazeweis 40 Grad gemooss.
Météo-France geet dovun aus, datt dës Canicule nach op d‘mannst bis de franséische Nationalfeierdag, also de 14. Juli, dauere kéint.