Dem Finanzminister no, soll eng Strategie fir d’Ofwier vun der Cyberkriminalitéit op der Finanzplaz entwéckelt ginn. Dofir sollen och déi néideg ëffentlech Suen zur Verfügung stoen, esou d’Ukënnegung vum Gilles Roth an der Chamber.
Staatlech finanzéiert Strategie
Et wier eng staatlech Aufgabe, zesumme mat den Acteuren aus dem Finanzsecteur, fir d’Leit ze schützen, esou de Minister: virun allem misst awer och sécher gestallt ginn, datt de Ruff vun der Finanzplaz net dorënner géif leiden.
“Ech mengen, datt et justifizéiert ass, datt eng Strategie vun der Cyberkriminalitéit an Ofwier vun der Cyberkriminalitéit géintiwwer vun der Finanzplaz, datt déi muss entwéckelt ginn, datt och de Staat, an dësem Fall de Finanzministère (...) sech doranner muss a soll mat abréngen. An ech hu perséinlech, soen ech ganz éierlech, ënner Kontroll vun der Chamber, hunn ech och kee Problem, vue datt et e Phenomeen ass, deen d'Bierger a senger Gesamtheet ugeet, vue datt et e Phenomeen ass, deen de Staat als Rechtsstaat ugeet, datt och do déi néideg ëffentlech Finanzmëttele gegeebenenfalls zilféierend kënnen agesat ginn.”
Dem Finanzminister Gilles Roth no, wieren dës Suen net fir d’Banken ze ënnerstëtzen, mee fir d’Clienten an d’Investisseuren ze schützen.
Hanner all Fall vu Cyberkriminalitéit stécht och ee Vertrauensverloscht an d’Technologie, d’Banken an an de Staat: Dat huet den LSAP-Deputéierte Ben Polidori an enger Aktualitéitsstonn zum Thema an der Chamber bedauert.
Dës Form vu Kriminalitéit hätt schlëmm wirtschaftlech Konsequenze fir d’Leit, a si wier zu engem “systeemesche Problem” ginn. Als Beispill huet de Ben Polidori déi rezent Phishing-Fäll bei der BIL genannt. D’Digitaliséierung géif also och eng “nei Form u Verantwortung” mat sech bréngen, esou den Oppositiounsdeputéierten.
"Keng Kavaléiersdelikter"
Et wier eng staatlech Aufgabe, zesumme mat den Acteuren aus dem Finanzsecteur, fir d’Leit ze schützen, esou de Finanzminister Gilles Roth (CSV). Virun allem misst awer och sécher gestallt ginn, datt de Ruff vun der Finanzplaz net dorënner géif leiden.
“Mir mussen um Niveau vun der Police kucken, mir mussen um Niveau vun der Justiz kucken, d'CRF an aner Instanzen, datt Cyberkriminalitéit (...) keng Kavaléiersdelikter sinn, loin de là. An datt och déi néideg Mëttelen do sinn, fir datt déi Fäll an deem Beräich kënne mat där néideger Sachkompetenz a virun allem schnell opgedeckt ginn. (...) Alleguerten déi Leit, déi an där Cyberkriminalitéit am Darknet an op anere Plazen ënnerwee sinn, déi si meeschtens leider de Justiz- an de Policeautoritéiten e Schrëtt viraus, an dat zu Laaschte vun engem gesamte System, mee zu Laaschte virun allem vun de Leit, déi hir Suen herno net méi hunn.”
Am zweeten Trimester dëst Joer hätten et 1.862 registréiert Cyberattacke pro Woch ginn, esou eng Zuel, déi de Finanzminister an der Chamber genannt huet. De Gilles Roth huet vun engem Plus vun 59 Prozent geschwat.