Radioen

On air

Notturno  |  Beyoncé - Cuff It

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Béid Säite wëllen net noginn

Streik bei der Cargolux

Béid Säite wëllen net noginn

Bei der Cargolux ass de Streik och gëschter Mëtteg weider gaangen. D‘Gewerkschaften hu gëschter verséchert, datt esou laang soll gestreikt ginn, bis d’Beleegschaft Satisfaktioun kritt. D‘Gewerkschafte fuerderen eng besser Lounstruktur an eng Erhéijung vun de Léin em sechs Prozent bannent véier Joer.

auto_stories

1 min

D‘Direktioun awer bleift haart de CEO vun der Cargolux, de Richard Forson huet gëschter am spéiden Nomëtteg am 100,7-Interview ugedeit un, datt hien net wäert noginn. Hie géif op senger Positioun a Punkto Verhandlunge mat de Gewerkschafte bleiwen.

Den Transportminister François Bausch wollt gëschter kee Kommentar ginn. D‘Regierung géif sech net an d‘Verhandlunge fir e Kollektivvertrag amëschen.