Radioen

On air

Notturno  |  Corbi, Godié, Kalo De 78, Gospel Emcee, Fizé, Valkilla & T The Boss - Hamilius

play_arrow Live
search

/ Selbstmordattentat op Militärbasis

Pakistan

Selbstmordattentat op Militärbasis

Bei engem Selbstmordattentat op eng Militärbasis am Nordweste vu Pakistan si 24 Zaldoten ëm d‘Liewe komm. 34 goufen der blesséiert. De Kamikaz a fënnef weider Ugräifer wieren och ëm d‘Liewe komm.

auto_stories

1 min

D‘Attack war un der Grenz mam Afghanistan a gouf vun der militant-islamistescher Grupp Tehreek-e Dschihad revendiquéiert, eng Grupp, déi réischt zanter dësem Joer am Pakistan aktiv ass a bis elo wéineg bekannt ass. Wéi et aus Geheimdéngschtkreeser heescht.