search

/ Bedruchsaffär LuxTrust: Courier, dee Kreditkaarten agesammelt huet, festgeholl

Parquet

|
reading time

1 min

Bedruchsaffär LuxTrust: Courier, dee Kreditkaarten agesammelt huet, festgeholl

D'Persoun ass schonn am Abrëll a Frankräich festgeholl ginn an duerno u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn, deelt de Parquet haut mat. Iwwer e sougenannten Phishing System huet de Mann Internetsäite vun der CNS, myguichet.lu a LuxTrust simuléiert.

reading time

1 min

De Mann war als Courier aktiv an huet d'Kreditkarte vun den Affer agesammelt, mat deenen hien duerno Suen opgehuewen huet.

Tëschent 2024 an 2025 goufen et 700 Plainten an dësem Kontext, de Schued beleeft sech op iwwer 10 Milliounen Euro.

De Parquet erënnert drun, dattt keng Bank a keng Administratioun no Bankepasswieder freet.