D‘Bauerenallianz ernimmt an hirem Communiqué verschidde Berechnungen déi soen, datt den Accord den EU-Bauere kaum wäert schueden, mee der Industrie awer wäert notzen, an och gutt fir d‘Relatioune mat Südamerika wier.
Natierlech géife kloer Reegele gebraucht ginn, fir eng Wettbewerbsverzerrung mat Südamerika ze evitéieren. An dësen onsécheren Zäite wieren awer fair, modern a sozial Accorden eng Grondlag fir Handel a Wuesstum, esou d‘Bauerenallianz.
Déi wierklech Erausfuerderung gesi si den Ament net am Mercosur-Accord, mee eng éeigelech EU-Erweiderung Richtung Ukrain. Wéi dann d‘Finanzéierung vun der gemeinsamer Agrarpolitik ausgesäit, géif aktuell nach an de Stäre stoen, esou d‘Bauerenallianz.