Radioen

On air

9 bis 1  |  King Pari - Somethin' Somethin'

play_arrow Live
search

/ Bau vun 380 Kilovolt-Héichspannungsleitung kéint sech verzögeren

Energieversuergung

Bau vun 380 Kilovolt-Héichspannungsleitung kéint sech verzögeren

Den Ëmweltministère kann nach net soen, wéini déi sougenannt Conclusion motivée iwwer déi geplangte Stroumleitung wäert verëffentlecht kënne ginn. Dat krute mir op Nofro am Ministère gesot.

auto_stories

1 min

Eigentlech hätt deen entspriechende Pabeier bis spéitstens Mëttwoch misste publizéiert an un de Bauhär Creos geschéckt ginn. No Ofschloss vun der ëffentlecher Prozedur ufanks Juli huet een Delai vu just 90 Deeg gegollt. Den Ëmweltministère argumentéiert a senger schrëftlecher Äntwert, datt d'Ëmweltprozedur am Fall vun der geplangter Héichspannungsleitung en aussergewéinlechen Ëmfang an eng grouss Komplexitéit hätt.

Am Kader vun der Enquête publique goufe vun interesséierte Bierger:inne ronn 1.000 Observatiounen agereecht. Déi géif de Ministère aktuell mat Héichdrock analyséieren, an et géif un de Conclusioune geschafft ginn. Dat géif awer Zäit kaschten, heescht et. Wann d'Conclusioune bis public sinn, ass et um Bauhär Creos ze decidéieren, wéi een Tracé e fir déi nei Stroumleitung wielt. An de leschte Wochen hat sech ënner anerem d'Biergerinitiativ Amber 380 KV dogéint ausgeschwat, datt déi iwwerierdesch Leitung ze no un d'Haiser géif gebaut ginn.