Radioen

On air

Trendscheif  |  Trendscheif um Eurosonic 2025

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bangladesch: Premierministerin demissionnéiert a verléisst d'Land

Eskalatioun vun der Gewalt

Bangladesch: Premierministerin demissionnéiert a verléisst d'Land

Am Bangladesch hätt d‘Premierministesch Sheik Hasina de Moien demissionéiert an d‘Land verlooss, esou d‘Arméi. D‘Arméi géif eng Iwwergangsregierung op d‘Bee stellen, esou den Arméi-Chef an enger Usproch op der Televisioun.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Zabed Hasnain Chowdhury

Demonstranten hate virdrun de Regierungspalais zu Dhaka gestiermt. D‘Premierministesch wier mat engem Helikopter an Indie geflücht, esou Medien. Déi autokratesch Regierungscheffin hat sech trotz de Protester am Land bis zu lescht géint ee Récktrëtt gewiert.

Am Bangladesch ginn zënter leschtem Mount d‘Leit op d‘Strooss fir géint d‘Regierung ze protestéieren. Ronn 300 Leit wieren dobäi gestuerwen, esou lokal Medien. Offiziell Zuele ginn et net.