Vill Eltere géife wéinst engem Wunnengsprobleem bei den Office social goen.
„D‘Leit liewen heiansdo a Studioe mat Kanner. (...)An dat ass ee Stressfaktor fir d‘Kanner, fir d‘Famillen, ganz kloer.“
Et géifen einfach vill méi Wunnenge gebraucht ginn, sou d‘Ginette Jones.
Ee weidere Problem wier deen, datt d’Elteren dacks keng Zäit hätten no der Aarbecht nach déi verschidde finanziell Aiden unzefroen. Zefridde weist d’Ginette Jones sech an deem Kontext doriwwer, datt am Regierungsprogramm festgehale ginn ass, den Dossier social partagé ëmzesetzen, wéi d’Entente vun den Offices Sociauxen et och virgeschloen hat.
Et bräicht genuch Gesondheetsberuffer an déi misste valoriséiert ginn
Dat Materiellt wier déi eng Saach, dat anert wier datt d’Elteren duerch hir Situatioun keng Zäit hätten de Kanner nozelauschteren an net present wieren, bedauert d’Ginette Jones. Aus onzefriddene Kanner géifen duerno onzefridden Erwuessener ginn. Dofir wier et nieft dem materiellen, respektiv finanziellen Aspekt wichteg, datt „mir genuch professions de santé hunn, genuch gutt ausgebilte Leit, déi erkenne wou Kanner an Nout sinn.“
Et wier wichteg déi Beruffer ze valoriséieren an de Leit vum Terrain nozelauschteren.
Wann een net op de Kanner hir Besoine géif agoen, da géif herno aus onzefriddene Kanner onzefridden Erwuessener ginn, esou d’Ginette Jones vun der Entente des offices sociaux.