search

/ Bal 4.000 Doudeger bei de Masseprotester am Iran

Noen Osten

|
headphones

1 min

Bal 4.000 Doudeger bei de Masseprotester am Iran

Bei de Masseprotester am Iran wiere bal 4.000 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Dat melle Mënscherechtsaktiviste vun der iranescher Mënscherechtsorganisatioun Human Rights Activists in Iran (HRAI), mat Sëtz an den USA. Déi hätte bis elo ëm déi 3.900 Doudeger verifizéiert.

headphones

1 min

Protester den 12. Januar zu Frankfurt | © EPA/MATIAS BASUALDO
Protester den 12. Januar zu Frankfurt (Foto: EPA/MATIAS BASUALDO)

Weider knapp 9.000 Doudesfäll géifen nach ënnersicht ginn. Nieft de Manifestante wieren och nach 178 Sécherhheetsforcen ëm d‘Liewe komm.

Internetspär nach ëmmer en Place

Fir den 11. Dag hannerteneen bleift den Internet am Iran blockéiert. Videoen an Informatiounen, déi de ganzen Ausmooss vun der brutaler Repressioun vun de Masseprotester weisen, kommen dowéinst just ganz lues no baussen.