Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jeff Tweedy - Some Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ BSW an de Landtage Sachsen a Brandenburg: Sträit mat Parteispëtzt ass virprogramméiert

Däitschland

BSW an de Landtage Sachsen a Brandenburg: Sträit mat Parteispëtzt ass virprogramméiert

Am däitsche Bundesland Brandenburg stinn d'SPD an d'Bündnis Sahra Wagenknecht (BSW) kuerz virum Ofschloss vun hire Koalitiounsverhandlungen. Dat mellt déi däitsch Noriichtenagence dpa. Deemno hätt d'BSW-Delegatioun op bestëmmte Fuerderunge verzicht, déi elo awer zum Konflikt mat der Parteigrënnerin Sahra Wagenknecht kéinte féieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Kay Nietfeld play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Geschriwwe vum Matthias Kirsch

No de Landtagswalen an den ostdäitsche Bundeslänner Thüringen, Brandenburg a Sachsen war am September séier kloer: Ouni d'Bündnis Sahra Wagenknecht géif et an allen dräi Länner schwéier ginn eng Majoritéit ze fannen. Séier huet sech dunn awer och gewisen: Mam BSW eng Majoritéit fannen, ass genee esou schwéier. Well d'BSW vertrëtt, zum Beispill par rapport zu Russland, Positiounen, mat deene Parteie wéi SPD oder CDU gréisser Problemer hunn.

A Sachsen sinn d'Sondéierungsgespréicher doropshi gescheitert. A Brandenburg par conter schénge sech SPD a BSW elo an hire Koalitiounsgespréicher bei de grousse Sträitpunkten eens ginn ze sinn. 

BSW-Vertrieder:inne verzichten op Kärfuerderunge 

Allerdéngs, esou mellt et d'Noriichtenagence dpa, hätt de BSW dofir op eng Rëtsch Kärfuerderunge verzicht. Zum Beispill wat d'Wirtschaftssanktioune géint Russland uginn. Dës sollen net opgehuewe ginn. Eppes, wat d'Parteigrënnerin Sahra Wagenknecht am Walkampf awer vehement gefuerdert hat.

D'BSW-Vertrieder:innen a Brandenburg stinn domat virum selwechte Problem wéi hir Parteikolleegen an Thüringen. Do si sech déi regional BSW-Leit mat SPD an CDU eens ginn. Och do si si vun de Positioune vun hirer Parteicheffin ofkomm. 

Schonn dës Woch sollen d'Koalitiounsaccorden an Thüringen a Brandenburg virgestallt ginn. Déi jonk Partei BSW wäert u béide Regierunge bedeelegt sinn. De Sträit vun de Landespolitiker:inne mat hirer Parteispëtzt zu Berlin ass virprogramméiert.

Lauschterenplay_arrow