Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
search

/ Awunner vun temporärer Flüchtlingsstruktur musse relogéiert ginn

Wéinst Problemer mat Fiichtegkeet

Awunner vun temporärer Flüchtlingsstruktur musse relogéiert ginn

An der temporärer Flüchtlingsstruktur am Quartier Neiduerf zu Esch goufen d‘Awunner vun enger vun den Unitéite wéinst Problemer mat Fiichtegkeet bis op Weideres relogéiert.

auto_stories

1 min

Dat confirméiert den zoustännege Minister Max Hahn an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum.

Déi zwee Gebaier vun där Struktur géifen nei gemaach ginn, an enger vun den Unitéite kéinten d‘Awunner wärend den Aarbechten do bleiwen. Déi aner wieren zanter Mëtt Dezember an aner Strukture relogéiert ginn, ënner anerem an der Luxexpo um Kierchbierg, esou de Minister. Et soll sech ëm eng 60 Leit handelen.