arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Autopsie: Häftling an U-Haft un natierlechem Doud gestuerwen

Parquet

|
reading time

1 min

Autopsie: Häftling an U-Haft un natierlechem Doud gestuerwen

Wéi de Parquet matdeelt wier d‘Autopsie vun där Persoun, déi an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg am Untersuchungsgefängnis um Uerschterhaff gestuerwen ass, ofgeschloss. Dem Rapport vun der Autopsie no ass d‘Persoun un engem natierlechen Doud gestuerwen, esou de Parquet. 

reading time

1 min

Prisong | © SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Prisong (Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

Kuerz nodeem déi 71 Joer al Persoun an den Untersuchungsprisong vum Uerschterhaff zu Suessem bruecht gouf, ass si verscheet. D'Persoun soll virdrun e Sträit mat engem Taxischauffer kritt hunn. Dat huet de Parquet matgedeelt an dobäi weider Detailer genannt.