Radioen

On air

9 bis 1  |  Big Thief - Simulation Swarm

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Autofestival: "Een Aushängeschëld fir eis Branche"

FEDAMO

Autofestival: "Een Aushängeschëld fir eis Branche"

Haut um Samschdeg fänkt déi 61. Editioun vum Autofestival hei zu Lëtzebuerg un. Wéi all Joers hoffen Autosverkeefer, hei e gudden Deel vun hirem Joresëmsaz ze maachen.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Philippe Mersch, President FEDAMO | © Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Den Autofestival hätt eng laang Traditioun a wier e wichtege Rendez-vous fir déi Lëtzebuerger Automobilbranche, sou de President vun der Autosfederatioun FEDAMO, de Philippe Mersch.

"Mir hunn et gesinn, d'Automobil an säin Ëmfeld beweege sech rasant weider, och zu Lëtzebuerg. Trotzdeem bleift den Autofestival fir eis een Aushängeschëld, eis Vitrinn, an e wichtege Rendez-vous fir déi Leit, déi sech fir en Auto interesséieren an drun denken ze kafen."

Lauschterenplay_arrow

Den Autossecteur wier een aktiven an effikasse Motor och vun der Lëtzebuerger Ekonomie. Dowéinst géing dacks gekuckt ginn, wéi den Autofestival gelaf ass, fir ze wëssen, wéi kaffreedeg d'Leit waren, erkläert de Philippe Mersch.

Fir d’Elektromobilitéit weider auszebauen appelléiert de President vun der FEDAMO un d’Politik. Virun allem an de Reseau de recharge fir E-Autoe misst weider investéiert ginn, sou datt d‘Leit doheem an op der Aarbecht d’Méiglechkeet hunn, hir E-Autoen opzelueden.