Radioen

On air

Trendscheif  |  Trendscheif um Eurosonic 2025

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ausschreidungen an England: Brittesch Regierung gräift haart duerch

England

Ausschreidungen an England: Brittesch Regierung gräift haart duerch

Bei de rietsextreeme Krawallen a Groussbritannie goufe bis ewell ronn 400 Leit festgeholl – dosende goufe schonn ugeklot, dorënner och Leit, déi den Haass um Internet ugestiwwelt sollen hunn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot | -
Foto: picture alliance / Photoshot | -

Zu Belfast an Nordirland gouf ee Mann bei engem presuméierten Haassverbrieche schwéier blesséiert. Detailer iwwert de Profil vum Affer goufen awer net genannt.

Et wiere 500 Plazen an de Prisonge fräi a 6000 Polizist:inne vun de Spezialunitéite géife mobiliséiert ginn, heescht et.

Enorm Quantitéite Fakenews

De Premier Keir Starmer huet séier Justizprozeduren ugekënnegt. De Méindeg den Owend koum et op en Neits zu schroen Tëschefäll. Dat virun allem zu Belfast an zu Plymouth am Süde vum Land.

Well d‘Protester a ville Fäll iwwer déi sozial Medien ugestiwwelt ginn, huet d‘Regierung elo och déi Sitten ënnert d‘Lupp geholl. Den zoustännege Minister hat dofir Entrevuë mat Vetrieder vun TikTok, Meta, Google an X. Si hätten eng Responsabilitéit wat d‘Verbreede vu Falschmeldungen ugeet. Et wieren enorm Quantitéiten u fake news am Ëmlaf.