Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Attack op Hëllefsconvoi: Israeelesch Arméi gëtt Feeler zou

International vill Kritik

Attack op Hëllefsconvoi: Israeelesch Arméi gëtt Feeler zou

Déi israeelesch Arméi huet schwéier Feeler zouginn. Dat no der Attack an der Gazasträif bei där 7 Mataarbechter vun der Hëllefsorganisatioun World Central Kitchen ëm d‘Liewe koumen. Dat hätt net däerfe geschéien, sot de Chef vun der israeelescher Arméi an engem Videomessage.

auto_stories

1 min

Gaza World Central Kitchen | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Den Auto, deen attackéiert ginn ass. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Hie sot, de Feeler wier op eng falsch Identifikatioun ënner ganz komplexen Ëmstänn zeréckzeféieren. Eng ausféierlech Enquête iwwer d‘Attack géif gemaach ginn.
Den US-President Joe Biden huet d‘Attack schaarf verurteelt. Hien huet Israel virgehäit, net genuch ze maache fir Hëllefsorganisatiounen an Zivilisten an der Gazasträif ze schützen.

Bei der Attack war e Convoi vun der ONG getraff ginn. Ënnert de siwen Doudesaffer sinn dräi Britten. Déi aner waren aus Australien, Polen, ee Kanadier an ee Palästinenser.

Den israeelesche President Jitzchak Herzog hat sech fir d‘Attack entschëllegt. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu sot, et wier en trageschen Tëschefall.