Nodeems d’Gesetz iwwer d’Stierfhëllef scho leschte Mee vun der Assemblée gestëmmt, awer vum Senat refuséiert gouf, war et elo un der zweeter Lecture, déi vu villen Amendementer gepräägt war. Esou soll et just an Ausnamefäll geschéien, datt medezinescht Personal dat déidlecht Mëttel administréiert. An der Reegel mussen déi Betraffen dat selwer maachen.
Just nach kierperlecht Leiden als Krittär
Am Originaltext goung et ëm kierperlech oder mental Leiden, den aktuellen Text beschränkt sech awer op Wonsch vun der Regierung hin ausschliisslech op kierperlech Péng. Onverännert bliwwe sinn déi verschidde Krittäre fir d’Stierfhëllef.
Déi betraffe Persoun muss volljäreg sinn, d’franséisch Nationalitéit hunn oder a Frankräich wunnen, kloer genuch am Kapp sinn, fir zouzestëmmen an un enger schlëmmer an onheelbarer Krankheet leiden, an dat an engem finalen oder avancéierte Stadium.
Weideren Text iwwer Palliativmedezin gestëmmt
Och gouf un enger Klausel festgehalen, no där d’medezinescht Personal refuséiere kann d’Mëttel ze ginn, si dierfen awer d’Persoun net prinzipiell dovun ofhale Stierfhëllef an Usproch ze huelen. Niewent der Stierfhëllef gouf och nach een zweeten Text iwwer den Ausbau vun der Palliativmedezin gestëmmt.
Ënner anerem gi sougenannt Maisons d’accompagnement virgesinn, déi als Tëschestatioun tëschent dem Doheem an der Klinik fungéiere sollen. Elo mussen d’Texter nach an de Senat. Dësen hat am Mee lescht Joer d’Stierfhëllef refuséiert a wäert dat wuel och dës Kéier maachen. D’Assemblée géing dann am spéide Fréijoer eng leschte Kéier iwwer d’Stierfhëllef ofstëmmen.
Eng Analys vun eisem Korrespondent Max Tholl iwwer den Debat kënnt Dir hei lauschteren.