De Leon Gloden fënnt et “komesch, datt op där enger Säit mir d’Ukrain massiv ënnerstëtzen an déi Leit, déi da fir d’Ukrain solle kämpfen, déi kommen dann eeben an déi verschidden EU-Memberstaaten." Dat sot den Inneminister genee esou an engem RTL-Interview de leschte Freideg. Bei de Leit krut hie vill Zoustëmmung dofir. Och d’Verteidegungsministesch huet him Recht ginn.
Dem President vun der Associatioun LUkraine awer ass déi Ausso sauer opgestouss, wéi mir gëschter hei soten. An dat hu mir och genee esou als Post op Facebook gesat.
Bleiwen déi all a kämpfe wéi ee Roude Léiw?
Ech si berouegt. Berouegt ze wëssen, datt wann de Russ zu Gréiwemaacher iwwer d’Musel kéim, de Léon Gloden sech him an de Wee géif stellen. Warscheinlech. Op jiddwer Fall géif hien net fortlafen, wéi mir elo wëssen. A wa seng Verteidegungslinn net sollt halen, stéing d’Yuriko Backes e puer Kilometer weider, zu Hesper. Well och si géif d’Land net verloossen, wéi mer elo wëssen.
An déi zwee wieren net eleng. Well all déi, déi dem Inneminister elo esou äifreg op social media applaudéieren an déi kollektiv de Kapp rësele wann et ëm déi feig a kamoud ukrainesch Flüchtlinge geet, déi hiert Land am Stach gelooss hunn a sech elo hei de Bauch voll schloen (op eis Käschten), déi géife jo bestëmmt alleguer bleiwen a fir hir Heemecht kämpfe wéi ee Roude Léiw. Dat misste si jo bal maachen, wa si konsequent sinn. An ech hunn net dee geréngsten Zweiwel, datt si dat sinn.
Et ass net einfach ze wëssen, wéi ee géif reagéieren
Ech bewonneren déi Leit. Net just well se esou en onheemlech Courage hunn. Mee well si genee wëssen, wéi si géife reagéieren, am Fall wou. Ech weess dat nämlech net. Wat géif ech maachen am Fall vun enger Invasioun. Natierlech wier ech och gär Patriot a groussen Held. Mee hätt ech de Courage, wann et drop ukéim? Ech kann et net soen.
Ech weess och net, wéi ech géif reagéieren, wa meng Jonge kéime fir mir ze soen “ech zéien an de Krich” oder “ech maache mech duerch d’Bascht”. Wat hätt ech léiwer? Géif ech probéiere si vum Géigendeel ze iwwerzeegen? Et ass net einfach ze wëssen, wéi een an enger Situatioun géif reagéieren, déi ee selwer net kennt an nach ni erlieft huet. Dofir bewonneren ech wuel d’Ukrainer, déi hiert Land verteidegen, verurteelen awer keen, dee geflücht ass. Iwweregens verurteelen ech och kee Russ, deen net op d’Strooss geet an en Enn vum Putin-Regimm fuerdert. Do weess ech nämlech, datt ech de Courage dofir och net hätt.
Ukrainer, déi komm sinn, hätte léiwer Fridden doheem
A wat ech nach weess: All déi Ukrainer, déi an de leschte véier Joer heihi komm sinn, wiere léiwer net hei. Net well et hinnen hei net gefält, mee well si léiwer a Fridden do géife liewe wou si hier sinn.
An da bräichte si och keng esou domm Sätz iwwer sech ze liese wéi de Klassiker vun de SUVen an decken Auto, mat deene si soi-disant jo all fueren an déi aus all Flüchtling e besonnesch perfide Parasit maachen. Komesch eigentlech, datt mir Lëtzebuerger net all mat Occasiouns-Deux-Chevauxen ënnerwee sinn.