Radioen

On air

Moiesstudio  |  Robert Palmer - Johnny and Mary

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Asiatesch Tigermustike zu Bouneweg

Gesondheetsministère mellt

Asiatesch Tigermustike zu Bouneweg

Am Stater Quartier Bouneweg goufe rezent zwou Plaze fonnt wou sech déi asiateschen Tigermustike niddergelooss hunn. An engem Ëmkrees vun 250 Meter si Mataarbechter:innen vun der Santé vun Haus zu Haus gaangen an hunn d’Awunner mat Hëllef vun enger Brochure iwwer d’Tigermustiken opgekläert. D’Insekt mat de getigerte Bee steet nämlech am Verdacht Krankheeten ze iwwerdroen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
D'Tigermustik (Aedes albopictus) ka Krankheete wéi Dengueféiwer a Zikavirus iwwerdroen. (Foto: picture alliance / blickwinkel/H. Bellmann/F. Hecke | H. Bellmann/F. Hecker)

Dësem Virkommen ass d’Santé mat Hëllef vun der App “Mosquito Alerte” op d’Spuer komm, erkläert d’ Dr. Anne Vergison Cheffin vun der Inspection sanitaire beim Gesondheetsministère. An dëser App kënnen d'Leit Deklaratiounen ofginn an zum Beispill Fotoe vun engem Nascht eraschécken. Dann sinn et d’Entomologen déi sech ëm d’App këmmeren, déi dann e Fall kënne confirméieren. Sou wier dat de Fall zu Bouneweg gewiescht, seet d’Anne Vergison.

Tigermustik a Buschméck

Zousätzlech huet d’Santé Falen uechter d’Land opgestallt, fir Tigermustike ze fänken an ze identifizéieren. Scho virun zwee Joer konnten asiatesch Tigermustike zu Lëtzebuerg nogewise ginn, dat weess den Insektekenner Alexander Weigand.

“In Luxemburg kommen zwei verschiedene Arten vor, das ist einmal die asiatische Tigermücke, die erst sehr lokal nachgewiesen wurde und auch erst 2022 und 2023, und auf der anderen Seite gibt es die japanische Buschmücke. Die gibt es schon mehrere Jahre und die hat sich auch jetzt schon vom Osten des Landes bis zum Westen vorgearbeitet und tritt sehr häufig im Land auf.”

Déi asiatesch Tigermustik kann e Vecteur fir Krankheete sinn, déi japanesch Buschméck allerdéngs net. Wann ee gepickt gëtt heescht dat awer net automatesch, datt een och krank gëtt, dofir muss d’Mustik de Virus och a sech droen. Symptomer änelen da meeschtens deene vun enger Gripp.

Duerch Wuerentransporter a Reese verschleeft 

Tigermustike sinn duerch Transporter aus Regioune wéi beispillsweis aus Asien, wou si heemesch sinn, an Europa an och op Lëtzebuerg komm. D’Santé wéisst also genau wou si oppasse missten, seet d’Anne Vergison.

"On surveille les régions qui sont les points d’entrée pour ces moustiques. Donc c’est toutes les régions où il y’a beaucoup de passages par des camions, des gens qui reviennent des vacances de régions où le moustique tigre est très présent. Donc on sait que chaque année on va en trouver notamment sur les aires d’autoroutes où il y a des arrêts et aussi tous les moyens de transports internationaux sont à risque de transport des moustiques tigre.”

Och wann d’Tigermustik nach net allze vill verbreet am Grand-Duché ass, a bis ewell och warscheinlech keng geféierlech Viren a sech dréit sollt een awer oppassen a probéieren si aus dem eegene Gaart ewechzekréie respektiv si iwwerhaapt net unzezéien. Besonnesch a klenge Waasservirkommen, wéi Pill, fillen si sech wuel. Eng ganz einfach Methode wier et an deem Fall, zum Beispill d’Blummendëppen op d’Kopp ze stellen – sou ka sech kee Waasser dra sammelen.

Net panikéieren 

Huet sech awer schonn e Schwaarm ugesidelt, sou géif et d’Méiglechkeet ginn, mat steriliséierten Déieren d’Populatioun ze bekämpfen, erkläert den Insektekenner Alexander Weigand. Doduerch kéinten si sech nämlech net méi reproduzéieren.

D’Tigermustiken sinn also endgülteg zu Lëtzebuerg ukomm. An och wann dat kee Grond ass, fir a Panik ze verfalen, sollt een d’Insekt awer net ulackelen andeems ee kleng Waasserstellplazen a sengem Gaart zouléisst.

Lauschterenplay_arrow