De Regierungsrot hat dës Woch een entspriechende Gesetzprojet ugeholl, deen d’Chamber awer nach muss stëmmen. Doriwwer eraus ware weider Mesuren ugekënnegt ginn, mam Zil d’Arméi méi attraktiv ze maachen.
Mam Eropsetze vum Solde vun den Zaldote géif enger Fuerderung vum SPAL Rechnung gedroe ginn, esou de Christian Schleck.
"An dann ass och déi Diskussioun, datt d’Zaldoten net méi de Mindestloun verdéngen och aus dem Raum."
Et bräicht trotzdeem ee "modernen an attraktive Statut"
Et géif een awer fäerten, datt de Problem vun ze wéinegen Zaldote mat der Augmentatioun vum Solde net wäert geléist ginn.
Dowéinst bleift d’Arméisgewerkschaft bei hirer Fuerderung, datt ee “modernen an attraktive Statut” fir d’Zaldote sollt geschafe ginn.
"Mir hunn ëmmer do vum Employéesstatut geschwat. Eiser Meenung no, ass dat nach ëmmer dee richtegen, deen ee sollt ugoen."
Effektivproblem just kuerzfristeg geléist
Domat wier och d’Iddi hifälleg, fir déi initial aktiv militäresch Phas vu véier op fënnef Joer wëllen erop ze setzen.
Eng Noutléisung nennt de SPAL-President Christian Schleck d’Iddi vun der Direktioun vun der Defense, datt och EU-Bierger, déi net hei am Land wunnen, fräiwëlleg Zaldote solle kënne ginn.
"Och dat ass fir eis just eng Mesure fir u sech den Effektifsproblem kuerzfristeg oder punktuell kënnen ze léisen."
D’Gewerkschaft begréisst, datt d’Kenntnis vun der Lëtzebuerger Sprooch fir Zaldoten obligatoresch bleift. Manner begeeschtert ass de SPAL, datt eng Dispens fir déi franséisch oder déi däitsch Sprooch kéint kommen.
"Mat enger Kreatioun vum belsch-lëtzebuergesche Batailloun ass et awer ganz schwiereg, wann d’Franséischt eventuell kéint ewech falen."
Kee richtegen Dialog
De SPAL war net an d’Ausschaffe vun de Mesurë fir d’Verbesserung vun der Attraktivitéit vun der Arméi agebonnen, bedauert de Christian Schleck. D’Direktioun vun der Defense hätt d’Gewerkschaft kuerzfristeg doriwwer informéiert.
"Ech betounen informéiert: Ee richtege Sozialdialog hu mir do net empfonnt."
D’Arméisgewerkschaft SPAL huet ronn 950 Memberen: Dorënner eng 870 aktiv Membere vun der Arméi.