D‘Police ass intervenéiert a sot si hätt 13 Täter festgeholl. Anerer wiere geflücht an hätten e puer Journalisten a Mataarbechter als Geisele geholl, esou ecuadorianesch Medien.
De President Daniel Noboa huet elo per Dekreet deklaréiert, den Ecuador wier an engem internen arméierte Konflikt. Domat gouf elo d‘Arméi ugestallt, géint ronn 20 grouss kriminell Banden am Land virzegoen.
Virgëschter hat de President schonn en Ausnamezoustand vu 60 Deeg ausgeruff, wéinst de Gewalt-Aktioun vu kriminelle Banden an de chaoteschen Zoustänn an de Prisongen.