Radioen

On air

Tockcity  |  Rinôçérôse - My Heroes and my Ego

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Argentinesche President reduzéiert Zuel vu Ministèren drastesch

No Wal

Argentinesche President reduzéiert Zuel vu Ministèren drastesch

Den neien argentinesche President Javier Miléi huet, esou wéi hien et a sengem Walkampf ugekënnegt hat, d‘Unzuel u Ministèren ëm d‘Hallschent reduzéiert. Dëst wier néideg, fir d‘Handlungen vum Staat méi effizient ze gestalten.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Igor Wagner
(Foto: picture alliance/dpa | Igor Wagner)

Een Dag no senger Vereedegung e Sonnden huet hien een entspriechend Dokument ënnerschriwwen, heescht et an argentinesche Medien. Deemno gëtt et an Argentinien vun elo un nëmmen nach 9 Ministèren a Plaz vun 18.

Den ultraliberalen ökonom Javier Miléi hat virun 3 Wochen d‘Walen mat senge radikale Fuerderungen gewonnen. Hien wéilt ënnert anerem den US-Dollar als Zahlungsmëttel duerchsetzen an d‘Sozialdépensen drastesch kierzen.