Dobäi verweist Paperjam sech op ee Responsabelen. Arcelor géif d‘Plazen den Ament préiwen. Dat en vue vun enger eventueller Delokaliséierung an oder enger Entloossung am Kader vun der momentaner Restrukturatioun vum Stolproduzent, esou nach de Paperjam.
Den LCGB Gewerkschaftler Robert Fornieri betount géintiwwer dem Luxemburger Wort awer, datt eng Analys vun 1.150 Plazen net bedeite géif, datt och esou vill Persounen hir Aarbecht géife verléieren.
D‘lescht Woch hat ArcelorMittal Europe ugekënnegt, datt iwwer 5.000 Aarbechtsplazen an 20 verschiddenen europäesche Länner kéinte gestrach ginn.