arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Appellprozess vun der Marine Le Pen fänkt un - Et geet ëm hir politesch Zukunft

Frankräich

|
headphones

2 min

Appellprozess vun der Marine Le Pen fänkt un - Et geet ëm hir politesch Zukunft

D'Leaderin vum rietsextreemen RN war am Mäerz 2025 wéinst Verontreiung vu Suen aus dem Europa-Parlament a Frankräich schëlleg gesprach ginn. D'Strofmooss géing verhënneren, datt si sech bei den nächste Presidentschaftswale kéint opstellen.

headphones

2 min

Marine Le Pen | © picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
Marine Le Pen (Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

Véier Joer Prisong, zwee dovu fest, déi awer och mat engem elektronesche Foussbracelet kënnen ofgesat ginn, 100.000 Euro Strof an e Verbuet vu fënnef Joer fir bei Wale kënnen ze kandidéieren.

Dat war am Mäerz 2025 d’Urteel géint d’Marine Le Pen. Hir Partei soll jorelaang Sue vum EU-Parlament fir national Zwecker benotzt hunn. Am Ganze wieren esou eng 2,9 Milliounen Euro un den RN, respektiv d’Virgängerpartei FN, gefloss.

D’Geriicht zu Paräis hat d’Marine Le Pen hei als eng "auteure principale" gesinn, an hat si dowéinst condamnéiert.

D'Fro vun der Kandidatur bei de Presidentschaftswalen 2027

Well d’Strofmooss mat "exécution provisoire" gesprach gouf, gouf et direkt ëmgesat an net eréischt nom Appellprozess. Dowéinst kéint d’Marine Le Pen Stand haut net bei der Presidentiellen 2027 untrieden.

Nieft der Marine Le Pen waren 12 weider vun den insgesamt 25 ugeklote Persounen an Appell gaangen.

Den Appellprozess leeft nach bis den 12. Februar dëst Joer, duerno deliberéiert d’Geriicht. Een Urteel soll awer nach virum Summer kommen.

Imageschued fir d'Marine Le Pen

Sollt d’Marine Le Pen den Appellprozess da gewannen, kéint si sech bei de Presidentiellen d’nächst Joer opstellen. Allerdéngs huet d’Affär en Imageschued bei der Politikerin hannerlooss.

E Sondage vu Le Monde weist, datt nëmmen 18 Prozent vun de Befrote gleewen, datt d’Marine Le Pen déi bescht Chancen hätt, fir fir den RN ze gewannen. 49 Prozent gleewen un de Parteichef Jordan Bardella.

Allerdéngs huet de Pascal Prache, Procureur vum Finanzparquet, gëschter um Méindeg um franséischen RTL confirméiert, datt och eng Enquête wéinst méiglecher Verontreiung géint de Bardella leeft.

D’Marine Le Pen kann ëmmer nach a Cassatioun goen: an deem Fall géing si awer net kandidéieren, hat si matgedeelt.