Leschte Mäerz war d'Marine Le Pen an éischter Instanz zu véier Joer Prison, zwee dovunner op Sursis, enger Geldstrof vun 100.000 Euro an enger Spär vu fënnef Joer, fir bei de Walen ze kandidéieren, verurteelt ginn.
Dës Spär gouf mat Exécution provisoire gesprach an domadder direkt verhaangen. Stand haut géing dat der Marine Le Pen net erlaben, sech bei de Presidentiellen d'nächst Joer opzestellen.
Den Appelprozess huet am Januar ugefaangen. Gëschter um Dënschdeg huet de Parquet säi Schlussplädoyer gehalen. Annoncéiert gouf, datt een och an zweeter Instanz beim Strofmooss fir d'Marine Le Pen an 11 Matugeklote bleift.
Wat huet sech geännert?
Bei der Marine Le Pen ginn et zwou Ännerungen. De Parquet freet elo eng fest Prisongsstrof vun engem Joer, déi och mat enger elektronescher Foussfessel kann ofgesat ginn. Dobäi kënnt, datt d'Spär fir d'Walen net méi mat Exécusion provisoire gefrot gouf.
No de Plädoyere vun der Marine Le Pen an den aneren Ugeklote wäert d'Geriicht deliberéieren a wuel am Juni säin Urteel annoncéieren. Sollt d'Marine Le Pen dann nach eemol schëlleg gesprach ginn, ka si nach virun d'Cassatiounsgeriicht zéien.
Dëst géing hir theoretesch och erlaben, sech bei der Presidentielle opzestellen, wéi den Affekot vum Europaparlament, de Patrick Maisonneuve, gëschter erkläert hat.
Wat bedeit dat fir d'Presidentiellen?
Tëschent dem Urteel vum Appellprozess an dem Verdikt vum Cassatiounsgeriicht gëllt dës Spär nämlech net. Et ass awer zimmlech onwarscheinlech, datt d'Marine Le Pen bei enger weiderer Verurteelung géing an de Walkampf zéien. Sollt d'Cassatiounsgeriicht si nämlech och schëlleg schwätzen, géing d'Spär direkt an endgülteg a Kraaft trieden.
D'Entscheedung kéint matten an der decisiver Phase vum Walkampf kommen. Dëse Risiko wéilt ee beim RN net agoen, hat d'Parteicheffin scho kloergestallt.