De President huet säi staatleche Pëtrolskonzern PDVSA ugestallt, esou séier wéi méiglech Pëtrol- a Gas Lizenzen auszestellen.
D‘leschte Sonndeg hat eng Majoritéit vu Wielerinnen a Wieler a Venezuela an engem Referendum fir d‘Annexioun vun der Regioun Essequibo gestëmmt. Dës Regioun mécht zwee Drëttel vu Guyana aus. De President vu Guyana sot, de Referendum an Deklaratioune vum venezuelanesche President wieren eng direkt existenziell Menace fir säi Land.