Radioen

On air

Notturno  |  Julia Holter - Evening Mood

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ännerungen am PNEC: LSAP an déi gréng hu gemëschte Gefiller

Chamberkommissiounen

Ännerungen am PNEC: LSAP an déi gréng hu gemëschte Gefiller

Éier d’Neierungen am PNEC virun der Press virgestallt goufen, kruten d’Deputéiert dës an de Chamberkommissioune fir Ëmwelt, wéi och fir Ekonomie an Energie vun den zoustännege Ministère presentéiert. D’Oppositioun reagéiert mat gemëschte Gefiller op déi geplangten Neierungen.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre de Deputés

Der Joëlle Welfring vun déi gréng no géif et bis op e puer Prezisioune bei den Ziler am Beräich vun der Energieeffizienz, net vill Ännerunge ginn. Si huet d’Impressioun, datt de Problem just no hanne verréckelt gëtt.

Et wieren och nei Zuelen agefloss, déi virdrun nach net bekannt waren. Notamment wat de Bevëlkerungswuesstem an de Wirtschaftswuesstem ugeet, déi erméiglechen, datt „Emissioune méi einfach erreecht kënne ginn“, esou d‘Joëlle Welfring.

„Dat heescht dat mécht et elo och méi einfach gewësse Saachen och ze lockeren, notamment am Heizungsberäich. Mee de genauen Detail musse mir nach kucken.”

Och der Claire Delcourt vun der LSAP no si vill vun de Modifikatioune scho bekannt gewiescht, wéi zum Beispill d’simplification administrative. Et hätt ee verséchert, datt d‘Ziler ganz ambitiéis wieren.

Elo géif et drop ukommen, wat fir Friichten dës Neierungen droe wäerten.