Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Michel-Eduard Ruben zur neier Logements-Politik

Logements-Politik

Michel-Eduard Ruben zur neier Logements-Politik

Op den eelef Säiten, déi dem Logement gewidmet sinn, géif een eng Tensioun tëscht Lëtzebuerg an der aktueller Logements-Situatioun erkennen. Dat mengt den Ekonomist vun Idea, de Michel-Eduard Ruben.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Regierungsaccord gesäit eng Zort Allianz tëscht den Acteuren am Beräich vum Logement vir. De Michel-Eduard Ruben, Ekonomist vun Idea, identifizéiert awer eng gewëss Spannung tëscht der Offer an der Demande.

Eng éischt Analys

Et kéint een eng Rei interessant Punkten aus dem neie schwaarz-bloe Regierungsprojet erausliesen, analyséiert de Michel-Eduard Ruben.

“Il n’y a pas cette opposition entre le soutient de la demande et le besoin d’augmenter l’offre. Là il apparait clair qu’il est attendu, espéré, décidé de soutenir l’investissement, donc de soutenir la demande pour maintenir l’activité de construction. Donc là je trouve ça intéressant.”

Den Ekonomist kéint allerdéngs zum aktuellen Zäitpunkt nach net soen, ob déi nei Logements-Politik de Problem vum Logement géif léisen.

Zesummenaarbecht am Secteur

Et kéint een eng gewëss Tensioun aus dem Accord erausliesen, erkläert den Expert.

“Il y a une sorte de tension, je trouve, entre la volonté de perpétrer une réalité luxembourgeoise, qui est que le Luxembourg est une démocratie de propiétaires, et la réalité, que c’est un territoire qui d’une certaine façon est appelé à devenir plus locatif que ce qu’il a été dans le passé.”

Dës Diskrepanz misst een iwwerbrécken, fir de Problem vum Logement effizient ze léisen. De Michel-Eduard Ruben mengt, et soll zu enger Zort Allianz kommen. Déi verschiddenen Acteuren am Logement sollen zesummeschaffen, souwuel staatlech ewéi och kommunal a privat.

Geplangte Mesuren

Den Ekonomist ass der Meenung, datt d’mëttel- a laangfristeg Mesuren aus dem Koalitiounsaccord sech no engem Weiderféiere vun der Politik vu bis elo unhéieren.

“Notamment de logements abordables publics, qui étaient la politique qui a vraiment connu une vrai accélération avec M. Kox quand il était ministre.”

Déi kuerzfristeg Mesure wieren allerdéngs méi drop ausgeluecht, de Leit déi eppes wëlle kafen ënnert d’Äerm ze gräifen.

Lauschterenplay_arrow