Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amerikanesch Faulbrut: Héich ustiechend Beiepescht

Wuelesse bei Klierf

Amerikanesch Faulbrut: Héich ustiechend Beiepescht

Ronderëm Wuelesse bei Klierf gouf rezent bei engem Beievollek déi amerikanesch Faulbrut festgestallt. Eng héich ustiechend a meldeflichteg Krankheet. An engem Spärgebitt am Ëmkreess vun 3 Kilometer steet all Vollek ënner Infektiounsverdacht.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

© Bigstock / Ivochkina play_arrow
Foto: Bigstock / Ivochkina

D’Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ALVA hat Ufank der Woch d'Spärgebitt deklaréiert. Concernéiert sinn nieft Wuelessen och d’Uertschafte Pëtscht, Weller, Houschter-Déckt, Eesbech a Mierschent. Fir déi amerikanesch Faulbrut net weider ze verbreeden, dierfe bis op Weideres keng Beievëlker aus dem Spärgebitt eraus oder era bruecht ginn. Den Transportverbuet gëllt och fir sämtlecht Material dat fir d’Beienzuucht benotzt gëtt souwéi fir d’Waben.

Reegelméisseg Prouwe gi geholl

Dat concernéiert Beievollek zu Wuelessen huet missten zerstéiert ginn, erkläert de Felix Wildschutz, Direkter vun der ALVA. No enger gewësser Zäit géife weider Prouwen op dem Stand gemaach ginn, fir ze kucken op d‘Krankheet weidergaangen ass oder net.

Déi aner Beievëlker wäerten och observéiert ginn, fir ze kucken ob Symptomer virleien. Och do wäerte Prouwe geholl ginn, erkläert de Felix Wildschutz.

Wuelessen läit un der däitscher Grenz, et wieren dofir och déi däitsch Autoritéiten informéiert ginn, präziséiert de Felix Wildschutz.

Keng Alternativ zur Vernichtung

En Traitement géint déi amerikanesch Faulbrut gëtt et iwwerdeems net, et gëtt also keng Alternativ zur Vernichtung vum Beievollek.

„Déi Bakterie déi do responsabel ass, attackéiert d’Brut, wéi ee seet d’Faulbrut, dat heescht d’Brut déi stierft of. An doduerch datt et natierlech keen Nowuess gëtt, gëtt dat Vollek ëmmer méi schwaach a fréier oder spéider géif et och vum selwen agoen.“

Imker plädéiert fir obligatoresch Umeldung vu Vëlker

Bis zu 50.000 Beie kënnen an der aktueller Haaptsaison an engem Beiestack wunnen, eng 25.000 wieren et an deem betraffene Vollek zu Wuelesse gewiescht, erkläert de President vun de Clierfer Beienziichter an Expert apicole, Claude Simon. Opgefall war d’Kränkt, well de concernéierten Imker eng fräiwëlleg Prouf wollt maachen, fir ze kucken op seng Beievëlker gesond wieren.

De Claude Simon plädéiert an deem Kontext dofir, datt bei all Imker eemol d’Joer misst eng Prouf gemaach ginn. Donieft ass et och den Appell un all Imker, fir seng Beievëlker offiziell unzemellen. Vill Leit géifen dat nämlech net maachen. Dacks géife se ee Beiestack iergendwou kafen an ouni Certificat an hire Gaart oder an d‘Natur setzen ouni duerno ze kucken. Fir de Claude Simon misst dat verbuede sinn a méi staark kontrolléiert ginn.

Eidel Hunnegglieser musse gutt gespullt ginn

D’Umeldung wier och am Interessi vun den Imker, well nëmmen da wieren si eligibel fir eng Entschiedegung vum Staat, wann hir Vëlker missten zerstéiert ginn. Ausser engem Méi un Aarbecht hätt d’Optriede vun der Kränkt dee Moment kee gréisseren Impakt op den Imker, erkläert de Claude Simon. D’Hunnegproduktioun ass duerch déi amerikanesch Faulbrut nämlech net beanträchtegt.

Den Hunneg vun infizéierte Beien ass zwar fir d’Beie selwer schiedlech, fir de Mënsch awer net. De Claude Simon mécht allerdéngs drop opmierksam, datt Hunnegglieser, déi net gutt gespullt ginn, nach Spore kéinten hunn.

„Da kann et sinn, datt d’Insekten do eragi fir deen Hunneg erauszeschécken. An da kënnen se doduerch rëm Sporen un aner Vëlker iwwerdroen.

Dofir misst een seng Hunnegglieser, egal vu wou den Hunneg kënnt, ëmmer gutt spullen, éier een se ewech gehäit.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Ëmwelt