Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amazon zu Geldstrof vu 746 Milliounen Euro verurteelt

An éischter Instanz

Amazon zu Geldstrof vu 746 Milliounen Euro verurteelt

Dat mellt d'Justiz. D'Riichter hunn deemno de Recours vum Onlinehändler géint eng Entscheedung vun der CNPD verworf.

auto_stories

1 min

Amazon | © Foto: Jonathan Weiss / Bigstock
Amazon (Foto: Foto: Jonathan Weiss / Bigstock)

Déi national Dateschutz-Kommissioun hat d'Strof am Juli 2021 decidéiert, wéinst Verstéiss vun Amazon Europe géint déi europäesch Dateschutz-Direktiv.

Zur Strof gehéiert och, datt Amazon 746.000 Euro pro Dag misst bezuelen, wann d'Plattform net déi néideg Moossname géif ergräifen, fir sech mat der Direktiv konform ze setzen. Och déi Entscheedung huet d'Verwaltungsgeriicht haut confirméiert.

Géint d'Urteel kann nach an zweeter Instanz virum Verwaltungsgeriicht Appell ageluecht ginn.