Deemno gouf d‘Versuergung mat Stroum, Sprit a Waasser gestoppt. An der Gazasträif, déi vun der Hamas dirigéiert gëtt, liewe méi wéi 2 Millioune Palestinenser. Dem israeelesche Militär no goufe bei den Attacken op Israel op d'mannst 1.200 Mënschen ëmbruecht. D‘Palestinenser schwätzen no de Géigenattacke vun iwwer 1.000 Doudegen.
Israel huet elo de Fluchverkéier um internationale Flughafe Ben Gurion bei Tel Aviv staark limitéiert. Ronn d‘Hallschent vun de Vollen, déi vun do aus sollte fortgoen, sinn de Moie gestrach ginn. Eng ganz Rëtsch Länner, dorënner Däitschland, haten haut Spezialflich geplangt fir hir Leit aus dem Krichsgebitt eraus ze fléien.