Dem Gesetz no ginn et strikt Sécherheetsnorme fir beim Stockéiere vu Knupperten. Déi Saisie gouf op engem Verkafs-Stand, wou där Knupperte vermëttelt ginn, operéiert. Dee Point de vente wier an engem Wunnquartier situéiert gewiescht.
Wëll et seriö Hiweiser gouf iwwer grave Verstéiss géint d’Gesetz beim Stockéiere vun de Knupperten huet d’ITM zesumme mat der Sectioun Répression du grand Banditisme vun der Police judiciaire déi Lokaler iwwerpréift. An et goufen op der Plaz Infraktioune festgestallt, déi mat enger Prisongsstrof vu bis zu sechs Méint bestrooft kënne ginn.
Op Uerder vum Parquet goufen e puer Tonnen där Knupperte saiséiert a mat Camione vum service déminage vun der Arméi oftransportéiert.
D’Enquête leeft nach.