search

/ Am Chaos awer nach Spaass hunn: A$AP Rocky – Don’t Be Dumb

Album vun der Woch

|
headphones

3 min

Am Chaos awer nach Spaass hunn: A$AP Rocky – Don’t Be Dumb

8 Joer huet et gedauert bis den A$AP Rocky endlech säin neien Album erausbruecht huet. Textlech geet et dann och ëm lauter verschidde Saachen, déi de Rapper an der Zäit beschäftegt hunn.

headphones

3 min

Musikalesch bleiwe mir experimentell: Dem Museker seng Performance ass och mol theatralesch, mee wierkt ni forcéiert, an et héiert een, datt e Spaass hat. Dat mécht dann natierlech och d’Lauschtere vum Album lëschteg.

Famill

Ee vun de groussen Theemen, déi um Album ugeschwat ginn, ass natierlech d’Famill. De Rapper ass mam Pop Superstar Rihanna zesummen an si hunn an tëschent dräi Kanner.

Textlech beschäftegt sech den A$AP Rocky genau domat: Seng Bezéiung a wéi glécklech hien an där ass, an och wéi cool et ass, Papp ze sinn, a wéi stolz hien op seng Kanner ass. 

"Flexen", also sech bretzen, ass natierlech näischt Neies am Hip-Hop. Normalerweis handelt et sech hei awer dacks ëm materiell Saachen. Hei gëtt an der selwechter Tounlag, an op déi selwecht Aart a Weis wéi normalerweis Sue “geflexed” ginn, bemol eng gesond Bezéiung an e presente Papp si gefeiert.

De Rapper war och ugeklot a mat engem Prozess déi lescht véier Joer beschäftegt. Am schlëmmste Fall hätt hien eng 24 Joer Prisongsstrof kéinte kréien. Hie gouf lescht d’Joer fräigesprach.

Dee Prozess huet awer sécher ervirgehuewen, wat wierklech wichteg ass am Liewen. Fir den A$AP Rocky also kloer: seng Famill.

Avant-gardistesch Samples a Film

Um Album gëtt och musikalesch vill ausprobéiert. Et gi Lidder, déi méi “noisy” sinn, an awer ass dem Rapper säi Charisma ëmmer erauszehéieren. Et mécht Spaass him nozelauschteren, och wann d’Samples mol méi ustrengend ze lauschtere misste sinn.

Et héiert een einfach, datt den A$AP Rocky Spaass hat beim Ophuelen.

Bei de Samples gouf och mol mam Danny Elfman zesumme geschafft, dee Filmmusek mécht. Musikalesch hu mir also och e filmeschen, oder bal theatralesche Charakter. Deen zitt sech wéi e roude Fuedem duerch de Projet, mat eben de Samples, dem Rapper senger Performance, déi och mol méi theatralesch ass, awer ni forcéiert kléngt, an dann och mat der Zesummenaarbecht mam Tim Burton fir de Cover vum Album.

Dobäi kënnt dann och nach de Museksvideo vun der Single “Punk Rocky”, wou d’Winona Ryder dran ze gesinn ass. Allgemeng hat de Rapper och scho virdrunner Museksvideoen erausbruecht, déi extrem kreativ sinn, wéi kleng Filmer eben.

Spaass

Alles an allem ass et e gelongenen Album, dee Spaass mécht ze lauschteren. Musikalesch wéi och visuell kritt een hei vill gebueden an et spiert een, datt den A$AP Rocky sech ameséiert.

D’Erwaardunge waren natierlech ganz héich no der laanger Paus. E klengen Edit hätt dem Album vläit gutt gedoen. Eng oder zwou Singles manner an de Projet wier fir mech nach méi ronn gewiescht.

Egal wéi awer e coolen Album, deen och dem Retour würdeg ass.