Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Op der Schanz: 106 Bierger kréien de Bau vu Sozialwunnengen net gestoppt

Ëmstriddene Bauprojet

Op der Schanz: 106 Bierger kréien de Bau vu Sozialwunnengen net gestoppt

106 Bierger vun Altréier hu vum Verwaltungsgeriicht Onrecht kritt bei hirem Versuch, de Bau vu véier Sozialwunnengen op der Schanz ze stoppen. D’Bierger wollte mat dësem Schnellverfaren d’Baugeneemegung provisoresch stoppe loossen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Dës Demande gouf den 19. Dezember d’lescht Joer vum Geriicht verworf. D’Bierger mussen der Gemeng Bech an dem Bauhär – der “Fondation pour l’accès au logement” - d'Prozedur-Indemnitéite vun zesummen 2.500 Euro bezuelen, steet am Urteel ze liesen. Wat bedeit dës Etapp am juristesche Sträit ronderëm den ëmstriddene Bauprojet um Site vun der aler Schoul op der Schanz? 

Gilles Hempel: Sech net aschüchtere loossen

Dem Direkter vun der Fondatioun, dem Gilles Hempel no, kéint een elo mam Projet ufänken: D’Bauzäit soll bei engem bis zwee Joer leien.

"Mir wäerten elo Enn Januar, Ufank Februar dann ufänken domadder déi al Schoul ofzerappen an dann och gläich drop mam Bau vun deene véier Wunnengen ufänken."

De Bauhär wëll also déi weider Geriichtsentscheedungen an dësem Sträit net ofwaarden, dorënner déi eigentlech Ufechtung vun der Baugeneemegung. Et wéilt ee sech och net aschüchtere loossen, ënnersträicht de Gilles Hempel.

"U sech geet et jo net nëmmen ëm eis an ëm déi véier Wunnengen, mee mir hunn och eng national Verantwortung an där Affär hei, datt et net ka sinn, datt wann ee wëllt iergendwou ee Projet maache mat soziale Wunnengen, datt ee sech dann dovu beandrocke léisst, wann do e puer Leit sech een Affekot huele fir dat ze verhënneren oder an d’Längt ze zéien."

Me Georges Krieger: "Ech gesinn do kee Präzedenzfall"

Hie wéisst net, wou dës Affär ee Präzedenzfall kéint duerstellen, seet iwwerdeems de Me Georges Krieger, den Affekot vun de Bierger vun Altréier, déi géint déi verschidden Decisioune vun der Gemeng Bech geklot hunn.

"Mir hunn hei tatsächlech nëmmen eng Rei vu Bierger, déi ee Recours maachen – och wann et hei d’Hallschent vun der Uertschaft ass – déi ee Recours maache géint ee Projet vu sozialem Wunnengsbau. Ech gesinn do kee Präzedenzfall."

An de weideren Etappe missten d’Riichter sech awer d’Fro vun der Proportionalitéit stellen, erkläert den Affekot.

"Mécht dat ee Sënn, wéinst véier Wunnengen – an dat sinn houfreg Wunnenge vun iwwer 120 Metercarré – véier Wunnengen, dowéinst den Duerfkär vun enger Uertschaft komplett an definitiv ze zerstéieren?"

Hie kéint sech net virstellen, datt déi véier Wunnengen eng Prioritéit kéinte sinn, esou de Me Georges Krieger. 

Lauschterenplay_arrow