Beim bluddege Konflikt sinn op israeelescher Säit bis elo eng 1.200 Leit gestuerwen, op palestinensescher Säit sinn et 1400 Affer.
Israel huet d‘UNO hënt informéiert, datt 1,1 Milliounen Awunner aus dem Norde vun der Gazasträif an Zäit vu 24 Stonne missten an den Süden deplacéiert ginn. Dat ass onméiglech, seet d‘UNO a fuerdert vun Israel dësen Evakuatiounsuerder ofzebriechen.
D‘Weltgesondheetsorganisatioun weist iwwerdeems drop hin, datt de Gesondheetssystem an der Gazasträif virum Zesummebroch steet. Et bléif wéineg Zäit, fir eng humanitär Katastroph ze verhënneren, esou hiren Appell. Den Territoire ass komplett blockéiert, et kënnt kee Pëtrol eran, an och keng medezinesch oder humanitär Gidder.