Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ​Allergië breeden sech ëmmer weider aus

Gesondheet

​Allergië breeden sech ëmmer weider aus

Bal d‘Hallschent vun den Erwuessenen hei am Land hunn eng Allergie. Dat
huet de Luxembourg Institute of Health an neien Fuerschungen
erausfonnt. 

auto_stories

1 min

Allergië wieren um Virmarsch, sou den LIH, net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och wäit iwwert d‘Grenzen ewech. Allergië wieren zu engem globale Phenomen ginn, an si géifen sech och nach weider verbreeden.

Et gëtt erwaart, dass bis 2050 d‘Hallschent vun der Populatioun betraff wäerte sinn. Eleng zu Lëtzebuerg kascht d‘Behandele vun Allergien de Gesondheetssystem iwwer 60 Milliounen Euro pro Joer, sou den LIH.