Radioen

On air

Mëttesrascht  |  GUM, Ambrose Kenny-Smith - Minor Setback

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ All d'Uebst, wat hei am Land ugebaut gëtt, ass um 9. Januar theoretesch scho giess

Lëtzebuerger Landes-Uebstbau-Veräin

All d'Uebst, wat hei am Land ugebaut gëtt, ass um 9. Januar theoretesch scho giess

Haut, um 9. Dag vum Joer, ass theoretesch gesinn all d‘Uebst, dat hei am Land produzéiert gëtt, scho giess. Dat deelt de Lëtzebuerger Landes-Uebstbau-Veräi mat. Nëmmen 2 bis 3 Prozent vum Uebst, dat hei am Land consomméiert gëtt, staamt aus Lëtzebuerger Produktioun. De ganze Rescht gëtt importéiert.

auto_stories

1 min

Den LUV bedauert, datt den Uebstbau zu Lëtzebuerg net méi gefërdert gëtt. Et léiche vill Projeten um Dësch, mee si géife vun der Regierung ausgebremst ginn. De Landesuerbstveräi wënscht sech méi Courage vu Säite vun der Regierung, fir besser Konditioune fir déi lokal Uebstproduktioun ze schafen.