Radioen

On air

Notturno  |  Son Lux - Prophecy Feat. Nina Moffitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aleba: keng Deductioun vum abbatement de base fir däitsch Grenzgänger

Steieren

Aleba: keng Deductioun vum abbatement de base fir däitsch Grenzgänger

Anescht wéi de Finanzminister Gilles Roth et erkläert hätt, wier fir déi däitsch Grenzgänger keng Deductioun vum abbatement de base méiglech. Dat stellt d‘ALEBA an engem Communiqué gäre richteg.

auto_stories

1 min

© Sophie Schroeder
Foto: Sophie Schroeder

Deemno hätt de Finanzminister gesot, datt däitsch Grenzgänger virun der Iwwerstonneregelung meeschtens net betraff wieren, well se den abattement de base vun 11.604 euro an den abattement forfaitaire pour frais d‘obtention vun 1.230 Euro kéinte vun der Iwwerstonnenausbezuelung ofzéien. Ma den abattement de base kéint der Gewerkschaft no net ofgezu ginn. Dës Ausso kéint d‘Grenzgänger an eng geféierlech Situatioun bréngen, wa se sech géifen drop verloossen.