arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Albanesche Premier wëllt eng KI als Ministerin nominéieren

Géint Korruptioun virgoen

|
headphones

1 min

Albanesche Premier wëllt eng KI als Ministerin nominéieren

An Albanien huet de Premierminister Edi Rama fir gréisser Opreegung gesuergt: Hien huet proposéiert, e KI-Server als Ministerin ze nominéieren. De Server "Diella", wat iwwersat "Sonn" heescht, sollt dofir suergen, datt Korruptioun beim Vergi vun ëffentlechen Opträg ofgeschaaft gëtt.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Dee Server gouf bis elo als virtuell Assistentin op staatleche Säiten agesat. D'Parlament muss déi nei Regierung zu Tirana nach guttheeschen. D‘Oppositioun ass dogéint.