search

/ Akut Iwwerschwammungsgefor beim Floss Garonne, an 2 Departementer Alarmstuf rout

Frankräich

|
headphones

1 min

Akut Iwwerschwammungsgefor beim Floss Garonne, an 2 Departementer Alarmstuf rout

Wéinst staarkem Reen hat de Floss d‘lescht Woch op ville Plaze fir Iwwerschwemmunge gesuergt. No enger liichter Berouegung um Weekend ass fir dës Woch nees staarke Reen gemellt.

headphones

1 min

© EPA/GUILLAUME PINON
(Foto: EPA/GUILLAUME PINON)

An den Departementer Gironde a Lot-et-Garonne gëllt dofir weider déi héchst Alarm-Stuf rout. A 14 aneren Departementer am Süden an am Weste vu Frankräich gëllt wéinst Iwweschwemmungsgefor déi zweet héchst Warnstuf Orange.

D'lescht Woch war a véier Departementer déi rout Alerte ausgeruff ginn. Iwwerdeems haten 900.000 Leit kee Stroum.