Radioen

On air

Notturno  |  Alfa Mist - The Gist

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aktuelle japanesche Premier Kishida wäert net nees kandidéieren

International

Aktuelle japanesche Premier Kishida wäert net nees kandidéieren

De japanesche Premier Fumio Kishida huet confirméiert, datt hien net méi fir de Spëtzeposte vu senger Partei kandidéiert. Hie wäert deemno als Regierungschef zerécktrieden, nodeems seng liberal Partei LDP am September en neie Leader gewielt huet. 

auto_stories

1 min

Fumio Kishida | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

D'Popularitéit vum Fumio Kishida a senger Regierung huet leschte Mount en Déifpunkt erreecht, wéinst engem Korruptiounsskandal ronderëm d'Partei vum Premier. Eng kriminell Enquête gouf opgemaach nodeems Donen a Milliounenhéicht un Deputéierter gefloss sinn, déi net op den offizielle Konte vun der Regierungspartei opgelëscht goufen.