Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Air Rescue zu Ettelbréck: 3.105 Asätz zënter 2018

Nordspidol

Air Rescue zu Ettelbréck: 3.105 Asätz zënter 2018

Den Helikopter vum Nordspidol zu Ettelbréck war zënter 2018 ganzer 3.105 Mol am Asaz, dovu waren zwee Asätz och iwwert d‘Grenz vu Lëtzebuerg eraus. Iwwerdeems soll den Helikopter zukünfteg och een neie Site kréien, wou e stationnéiert ka ginn.

auto_stories

1 min

Foto: Wikimedia Commons

Iwwer 3.100 Asäz zënter 2018. Dës Zuele ginn aus Dem Minister Léon Gloden senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der DP ervir. Hie confirméiert och, datt den Helikopter en neie Site soll kréien, wou e stoe kënnt. Wou dee soll sinn, gëtt awer net preziséiert. 

D‘Air Rescue kritt iwwert eng Konventioun mam Inneministère all Joer e Subside vu maximal 1,4 Milliounen Euro. Donieft facturéiert d‘LAR dem CGDIS all Mount d‘Fluchminutten, wärend deenen d‘Helikoptere fir SAMU-Asätz ënnerwee waren. De Staat huet sech och mat 3 Milliounen Euro un den zwee neien Helikoptere bedeelegt.