Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covid 19 Infektioune ginn zeréck

Gesondheet

Covid 19 Infektioune ginn zeréck

D‘lescht Woch ass d‘Zuel vun de Leit, déi positiv op Covid getest gi si vun 317 op 260 Fäll zréckgaangen. Dat ass eng Baisse vun 18 Prozent am Verglach mat der Woch virdrun

auto_stories

1 min

Am Ofwaasser awer wier d‘Konzentratioun vum Virus an d‘Luucht gaangen, virun allem vun der neier KP.3 Variant. Dat deelt de Gesondheetsministère mat. 

Och déi aner Otemwee-Infektiounen, wéi d‘Gripp, den RSV-Virus an d‘Coqueluche bleiwen op engem niddregen Niveau, just bei der Coqueluche gouf et eng liicht Hausse, vu 5 op 9 Fäll d‘lescht Woch.