Radioen

On air

Notturno  |  Shirley Hurt - Problem Child

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Afghanistan: D'Hoffnung, Iwwerliewender ze fannen, ganz kleng

Nom Äerdbiewen

Afghanistan: D'Hoffnung, Iwwerliewender ze fannen, ganz kleng

auto_stories

1 min

Zwee Deeg no den Äerdbiewen am Afghanistan gëtt et ëmmer manner Hoffnung, nach Iwwerliewender ze fannen. An der Géigend vun Herat hu Leit mat bloussen Hänn no Familljememberen a Frënn ënnert de Ruine vun Haiser gesicht.

Wärenddeem gouf et nees en Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 4,9 op der Richterskala. Virgëschter hat et ronn eng Dosen Äerdbiewen an der Regioun ronderëm Herat ginn. Iwwer 24.000 Leit koumen ëm d‘Liewen, esou een ëmmer nach provisoresche Bilan vun der UNO.