Den Dr. Philippe Wilmes soll säi Beruff erëm normal kënnen ausüben. Dee Bréif gouf um Méindegmoien och un d‘Press verschéckt.
Uschëllegunge géint d'Gesondheetsministesch
Dem Dr. Wilmes säin Affekot beschëllegt d‘Ministerin Deprez, datt hir Decisioun illegal ass. Si hätt sech op de Collège medical beruff, dee formell Irregularitéite begaangen hätt an op anonym Beschëllegungen. Si hätt den Dr. Wilmes selwer net an där Form gehéiert, déi d’Gesetz géif virgesinn.
De Me Prum weist am Bréif un d‘Ministerin och drop hin, datt de Parquet keng penal Infraktiounen zeréckbehalen huet, an datt d‘Présomption d‘innocence besteet.